info@seibuehn.lu | (+352) 26 88 91 91

Classy Times for Classy People

CLASSY TIMES, deels “old-school”, deels kitschegt Duerffest mat engem “clin d’oeil” Richtung Retro. Virun der Kuliss vum Schlass vun Esch-Sauer gëtt de Public sech Rendez-vous fir e gesellegen Owend mat Danzmusek. Hei ass d’Chance sech fir een Owend an d’30er Joeren zeréck ze versetzen. Mir halen drop, fir originell Spektakelen an engem authentesche Kader z’offréieren.

Hei ass ee weder ze jonk, nach ze al, fir d’Nuecht duerch ze danzen. Mir suerge fir Ofwiessel-ung am Programm. Ënnert de Kënschtler sinn ënner anerem de Frin Wolter um Accordéon a la Guinche mat hirer Guinguette à Roulettes. Wann dir gäre richteg Musik hätt a virwëtzeg genuch sidd, fir gutt Saachen nei ze entdecken, da sidd dir „classy” genuch fir d’Classy Times.

rue_des_Jardins

Datum : 04. + 05. Juli
Auerzäit : 19:30 – 24:00
Entrée : 10 €, Réduit 8 €
Wou ? Place des Jardins
Esch-sur-Sûre
Artisten :
– Frin Wolter
– La Guinche
www.laguinche.com
An nach vill Anerer

This is a text block. Click the edit button to change this text.

This is a text block. Click the edit button to change this text.

.

Séibühn Ënsber asbl.
7, rue du Moulin
L-9650 Esch-sur-Sûre

Tel. (+352) 83911242

LogoSéibühnJcds-transparent