info@seibuehn.lu | (+352) 26 88 91 91

Schéi Gréiss vun der Séibühn

Bei allen Aktivitéite vun der Séibühn Ënsber stinn zwee Elementer am Mëttelpunkt: de Bezuch zum Stauséi an d’Verbindung zu de Mënschen, op déi een hei trëfft. Fir d’Bréck tëscht der haiteger Zäit an den Originë vum Stauséi als Fräizäitdestinatioun ze schloen, gräift dëse Projet op Fotoe vu fréier zeréck.
Säit de fréie 60er Joere gehéieren de Séi an d’Regioun vum haitegen Naturpark zu de spannendsten Treffpunkten am ganze Land. Dëse Projet soll weisen, dass de Stauséi nach ëmmer zu den attraktiivste Géigende vu Lëtzebuerg gehéiert an dass een hei méi erliewe ka wéi just an der Sonn ze leien.

D’Resultat vun de Kënschtlerinnen hirer Aarbecht ass eng Verbindung vun zäitgenëssescher Konscht mat der Ästhetik vu klassescher Fotografie. Si zeechnen direkt op d’Fotoen an erweideren sou d’Motiv vum Stauséi vu viru 50 Joer, an hirem eegene Stil an eegener Interpretatioun. Aus ale Fotoen entsteet eppes Neies: een individuellt Konschtwierk als Verbindung tëscht fréier an haut. Kommt all d’Postkaarten zesumme mat den Original-fotoen an eis Ausstellung kucken.

neunhausen

Datum: 24. + 25. Mee
Auerzäit: 10:00 – 18:00
Entrée: GRATIS
Wou? Maison Communale
Neunhausen (bei der Kierch)
Artisten:
– Francisca Richards – MIAUSINA
www.miausina.com
– Linda Dieschbourg – DISH
www.dishexperiments.com

This is a full width text block. Click the edit button to change this text.

This is a text block. Click the edit button to change this text.

This is a text block. Click the edit button to change this text.

.

Séibühn Ënsber asbl.
7, rue du Moulin
L-9650 Esch-sur-Sûre

Tel. (+352) 83911242

LogoSéibühnJcds-transparent