info@seibuehn.lu | (+352) 26 88 91 91

Summer Night Stories

Ënnert dem Motto “Nuits Blanches – Pensées Noires” verschäerfe mir dëst Joer den Toun vun de Summer Night Stories um Stauséi. Um Site vum “Burfelt”, engem ofgeleeëne Bauerenhaff um Ufer vum Stauséi, waard an all Eck eng aner Iwwerraschung: Musik, Theater, Zirkus a villes méi. All Participant ass et selwer iwwerlooss, wéiee Spektakel als éischt z’entdecken: D’Carny Villains sinn eng Zirkusband, déi am United Kingdom fir hier onkonventionell Concerte bekannt sinn.

De ZigZagZoo ass aus enger verkéierter Zirkusmanege fortgelaf: Hei spillen d’Mënschen d’Roll vun den Déieren a bréngen hier eege Macke mat an d’Spill. An der Invisible Photo Booth kënnen d’Visiteure mat Hëllef vu Costumer an engem Decor, originell Photoe maache loossen an se direkt mat heem huelen.

Burfelt

Datum : 18. + 19. + 20. Juli
Auerzäit : 20:00 – 23:00
Entrée : 20 €, Réduit 12 €
Wou ? Centre de Découverte de la Forêt Burfelt
Parking : Plage II (Fuussefeld)
zu Insenborn
Transport op de Site vum Spektakel
– mat de Navette vum
Parking Plage II aus
– zu Fouss iwwert de „sentier forestier”: 1,3 km (15-20 min.)
Artisten :
– The Carny Villains
www.thecarnyvillains.bandcamp.com
– Zig Zag Zoo
www.invisiblecircus.co.uk
– The Invisible Photo Booth
www.invisiblephotobooth.co.uk

This is a text block. Click the edit button to change this text.

This is a text block. Click the edit button to change this text.

.

Séibühn Ënsber asbl.
7, rue du Moulin
L-9650 Esch-sur-Sûre

Tel. (+352) 83911242

LogoSéibühnJcds-transparent