De Kurt Laurenz Theinert ass ee Lichtkünstler, dem seng Sich no neien Interpretatiounsméiglechkeete vu Luucht an abstrakter Ästhetik zu der Erfindung vum Visual Piano, engem “Bildinstrument” gefouert huet. Duerch dëst Instrument, a Verbindung mat Musik, geléngt et de Kënschtler d’Element vun der Zäit mat Luucht a Klang ze gräifen an nei ze gestalten. Am Dialog tëscht Luucht a Schall, zwee immaterielle Medien, geet et dorëm de Raum ëmmer nees nei entstoen ze loossen. Forme, Faarwen a Kläng fléissen anenaner, mee näischt baséiert op engem feste Schema.
De Site vun dëser Live-Performance bidd eng besonnesch spektakulär Luucht-a Klangkuliss: D’Staumauer vun Esch-Sauer. Mat 200m Längt an iwwer 45m Héicht, ass dës Mauer eng Projektiounsfläch, déi ee sos néirens ka fannen an déi fir iwwerwältegend Impressioune garantéiert. De musikalesche Géigepart zur Luucht-Projektioun kënnt vun zwee lëtzebuergesche Kënschtler: de Paul Fox op der Batterie an d’Lisa Berg um Cello.
Datum : 22. + 23. + 24. August
Auerzäit : 22:00 – 23:00
Zougang : ab 21:30
Entrée : 15 €, Réduit 10 €
Wou ? Barrage Esch-sur-Sûre
Accès iwwert de Pad „am Sändchen”.
Oppassen ! Zu Fouss ongeféier 1 km (5-10 min) bis bei d’Plaz vum Spektakel. Passage non adapté pour personnes handicapées.
Artisten :
– Kurt Laurenz Theinert
www.theinert-lichtkunst.de
– Paul Fox
www.foxpaul.com
– Lisa Berg
This is a text block. Click the edit button to change this text.
This is a text block. Click the edit button to change this text.
.
7, rue du Moulin
L-9650 Esch-sur-Sûre Tel. (+352) 83911242