info@seibuehn.lu | (+352) 26 88 91 91

Wall of Light and Sound

De Kurt Laurenz Theinert ass ee Lichtkünstler, dem seng Sich no neien Interpretatiounsméiglechkeete vu Luucht an abstrakter Ästhetik zu der Erfindung vum Visual Piano, engem “Bildinstrument” gefouert huet. Duerch dëst Instrument, a Verbindung mat Musik, geléngt et de Kënschtler d’Element vun der Zäit mat Luucht a Klang ze gräifen an nei ze gestalten. Am Dialog tëscht Luucht a Schall, zwee immaterielle Medien, geet et dorëm de Raum ëmmer nees nei entstoen ze loossen. Forme, Faarwen a Kläng fléissen anenaner, mee näischt baséiert op engem feste Schema.

De Site vun dëser Live-Performance bidd eng besonnesch spektakulär Luucht-a Klangkuliss: D’Staumauer vun Esch-Sauer. Mat 200m Längt an iwwer 45m Héicht, ass dës Mauer eng Projektiounsfläch, déi ee sos néirens ka fannen an déi fir iwwerwältegend Impressioune garantéiert. De musikalesche Géigepart zur Luucht-Projektioun kënnt vun zwee lëtzebuergesche Kënschtler: de Paul Fox op der Batterie an d’Lisa Berg um Cello.

Barrage

Datum : 22. + 23. + 24. August
Auerzäit : 22:00 – 23:00
Zougang : ab 21:30
Entrée : 15 €, Réduit 10 €
Wou ? Barrage Esch-sur-Sûre
Accès iwwert de Pad „am Sändchen”.
Oppassen ! Zu Fouss ongeféier 1 km (5-10 min) bis bei d’Plaz vum Spektakel. Passage non adapté pour personnes handicapées.
Artisten :
–  Kurt Laurenz Theinert
www.theinert-lichtkunst.de
– Paul Fox
www.foxpaul.com
– Lisa Berg

This is a text block. Click the edit button to change this text.

This is a text block. Click the edit button to change this text.

.

Séibühn Ënsber asbl.
7, rue du Moulin
L-9650 Esch-sur-Sûre

Tel. (+352) 83911242

LogoSéibühnJcds-transparent