info@seibuehn.lu | (+352) 26 88 91 91

Summer 2014

IMAG0362

Schéi Gréiss vun der Séibühn

Aus ale Fotoe ginn nei Postkaarten: eng Verbindung vun zäitgenëssescher Konscht mat der Ästhetik vu klassescher Fotografie.

Datum:     24. + 25. Mee
Auerzäit:    10:00 – 18:00
Entrée:    GRATIS
Wou:    Maison Communale
Neunhausen (bei der Kierch)

Artisten
– Francisca Richards – MIAUSINA
www.miausina.com
– Linda Dieschbourg – DISH
www.dishexperiments.com

.

La Guinche

Classy Times for Classy People

Old-school, Retro, Kitsch… Fir Leit déi virwëtzeg genuch sinn, fir gutt Saachen nei
ze entdecken, hu mir Gesellegkeet an Danzmusik aus den 30er Joeren.

Datum : 04. + 05. Juli
Auerzäit : 19:30 – 24:00
Entrée : 10 €, Réduit 8 €
Wou: Place des Jardins
Esch-sur-Sûre

Artisten :
– Frin Wolter
– La Guinche
www.laguinche.com
An nach vill Anerer

carny_villains_@Boomtown

Summer Night Stories

Nuits Blanches – Pensées Noires. Musik, Theater, Zirkus a vill aner Iwwerraschungen op engem ofgeleeëne Bauerenhaff direkt um Séi.

Datum : 18. + 19. + 20. Juli
Auerzäit : 20:00 – 23:00
Entrée : 20 €, Réduit 12 €
Wou: Centre de Découverte de
la Forêt Burfelt
Parking : Plage II (Fuussefeld)
zu Ënsber (Insenborn)
Transport op de Site vum Spektakel
– mat de Navette vum
Parking Plage II aus
– zu Fouss iwwert de „sentier forestier”: 1,3 km (15-20 min.)

Artisten :
– The Carny Villains
www.thecarnyvillains.bandcamp.com
– Zig Zag Zoo
www.invisiblecircus.co.uk
– The Invisible Photo Booth
www.invisiblephotobooth.co.uk

Transe_Express_diva_Julien_Thomas

Diva d’Eau

Eng fantastesch Waasser-Oper op schwammende Plattformen. D’Geschicht vun engem ongewëssen Treffen tëscht Waasser an Äerd, der Diva an hirem Ritter. Sou ee Spektakel huet een um Stauséi nach net gesinn!

Datum : 01. + 02. + 03. August
Auerzäit : 20:00
Dauer : +/- 90 Min.
Entrée : 20 €, Réduit 12 €
Wou: Base nautique Liefrange

Artisten :
Compagnie Transe-Express
www.transe-express.com
Photography Julien Thomas

klt_vp_koblenz

Wall of Light and Sound

D’Inszenéierung vun der Staumauer zu Esch-Sauer an enger live Light-Performance. Am Zesummespill mat zwee lëtzebuergesche Museker, fléisse Formen, Faarwen a Kläng anenaner, ouni awer engem feste Schema ze follechen, op der iwwerwältegender Surface vun der Staumauer.

Datum : 22. + 23. + 24. August
Auerzäit : 22:00 – 23:00
Zougang : ab 21:30
Entrée : 15 €, Réduit 10 €
Wou: Barrage Esch-sur-Sûre
Accès iwwert de Pad
„am Sändchen”.
Oppassen ! Zu Fouss ongeféier
1 km (5-10 min) bis bei d’Plaz
vum Spektakel.
Passage non adapté pour
personnes handicapées.

Artisten :
–  Kurt Laurenz Theinert
www.theinert-lichtkunst.de
– Paul Fox
www.foxpaul.com
– Lisa Berg

 

Séibühn Ënsber asbl.
7, rue du Moulin
L-9650 Esch-sur-Sûre

Tel. (+352) 83911242

LogoSéibühnJcds-transparent