info@seibuehn.lu | (+352) 26 88 91 91

Diva d’Eau

Diva d’Eau ass eng Waasser-Oper, déi vu fléissende Gewässer inspiréiert, op engem Floss erfonnt gouf an op de Charakter vum Stau-séi adaptéiert gëtt. D’Oper erzielt d’Geschicht vun der Léift tëscht zwou Welten, demWaasser an der Äerd. Een ongewësst Treffen tëscht der Diva vum Waasser an dem Ritter vum Festland. Op schwammende Bühnendeeler, déi Skulpture gläichen, fannen d’Artisten hir Plaz fir Musik, Gesank an Akrobatik.

D’Diva fënnt hire Wee iwwert de Séi, wou si op d’Publikum zougeschwomme kënnt. De Caballero gëtt vun engem Cortège bei sengem Päerd begleet, fir dann de feste Buedem ze verloossen an duerch d’Loft bei seng Dame um Waasser ze schwiewen. D’Finale vum Spektakel ass wéi een Tableau, deen sech pünktlech fir de Sonnenënnergank um Stauséi ofzeechent.

Base_nautique

Datum : 01. + 02. + 03. August

Auerzäit : 20:00

Dauer : +/- 90 Min.

Entrée : 20 €, Réduit 12 €

Wou ? Base nautique Liefrange

Artisten :

Compagnie Transe-Express
www.transe-express.com

Photography Julien Thomas

This is a text block. Click the edit button to change this text.

This is a text block. Click the edit button to change this text.

.

Séibühn Ënsber asbl.
7, rue du Moulin
L-9650 Esch-sur-Sûre

Tel. (+352) 83911242

LogoSéibühnJcds-transparent